NewsStadbriedemes: Mann liewensgeféierlech verwonnt ginn

Bis ewell ass net bekannt wat konkret geschitt ass. Zu Stadbriedemes gouf an der Nuecht op e Samschdeg ee Mann mat liewensgeféierleche Blessure fonnt.

Leschten Update: 12.08.2019, 06:06:51

© Eldoradio

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gouf eng Kierperverletzung an der Route du Vin zu Stadbriedemes gemellt, woubäi eng Persoun schwéier blesséiert gouf. De Mann koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Spidol.

Am Laf vun den Ermëttlungen gouf de presuméierten Täter ermëttelt an op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien ass e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter komm.

Weider Detailer sinn net bekannt.