NewsNo Tornado: Opraumaarbechte lafen op Héichtouren

Och en Dënschdeg de Moien ass d'"cellule de crise" nees zesummekomm. Eng 72 Persounen hunn an der Nuecht op en Dënschdeg an Hoteller misste schlofen.

Leschten Update: 13.08.2019, 11:39:20

© Eldoradio

Nom Tornado leschte Freideg sinn an der Nuecht op en Dënschdeg nees 72 Persounen an Hoteller relogéiert ginn, dat duerch d'Gemenge Péiteng a Käerjeng. Wéi et am Communiqué vun der "cellule de crise" en Dënschdeg de Moie weider heescht, si méi wéi 80 Persoune vun de Rettungsdéngschter weider am Asaz, dovunner 30 Benevolle vum Techneschen Hëllefswierk aus Däitschland. Fir déi rechtlech Opraumaarbechte sinn d'Gemengen a privat Entreprisë responsabel.



E Méindeg um 11h00 war d'"cellule de crise" op en Neits zesummekomm, fir de Point iwwert déi aktuell Situatioun ze maachen. Wéinst den annoncéierten Onwiederen a kräftege Wandstéiss louch d'Prioritéit an de Gemenge Péiteng a Käerjeng e Méindeg beim Zoumaache vun de beschiedegten Diecher.

Dës Informatioune ginn aus dem neiste Schreiwes nom leschten Zesummekomme vun der "cellule de crise" e Méindeg de Moien ervir. Am Ganze sinn eng 100 Pompjeeë vum CGDIS weider am Asaz. Ënnerstëtzt gi si vun der Arméi a vum techneschen Hëllefswierk aus Däitschland.



Et gëtt och nach weider un den Héichspannungsleitunge geschafft, déi duerch den Tornado ëmgefall waren. Et ass de Rappell, vun dësen ewech ze bleiwen. D'Entreprise Sudgaz schafft de Moment un de futtisse Gasleitungen. Op kee Fall soll ee selwer un d'Gasleitung goen, mee op professionell Hëllef waren.



Wéi et weider heescht, bleift d'Zirkulatioun ronderëm déi concernéiert Stroossen nach ëmmer schwiereg. Persounen, déi net betraff sinn, sollen d'Géigend evitéieren.