NewsOnéierlech Persoune wëlle vun Tornado-Schued profitéieren

Der Police si potenziell onéierlech Persoune gemellt ginn, déi vun der Situatioun vun den Affer vum Tornado am Süde wëlle profitéieren

Leschten Update: 12.08.2019, 18:10:31

© Eldo

Wéi et vun der Police heescht, wier een driwwer informéiert ginn, dass potenziell onéierlech Persounen an der Regioun, déi vum Tornado getraff gouf, ënnerwee wieren. Dës géifen do den Affer hir Servicer ubidden, dat géint eng direkt Bezuelung.

An deem Sënn réit d'Police all suspekt Persoun, d'selwecht wéi soss all anormaalt Virkommes direkt um 113 ze mellen.

Et hätt een iwwerdeems op d'Situatioun reagéiert a verstäerkt Policepatrullen op de betraffene Plazen ageplangt.

Och d'Gemeng Käerjeng warnt viru Bedruch:
Attention Arnaques – ne pas faire confiance à toute société proposant de l’aide Malheureusement, certaines sociétés douteuses sont actuellement présentes sur le territoire des communes de Käerjeng et de Pétange, proposant de l’aide aux sinistrés (couverture de la toiture, remplacement de fenêtres …), mais profitant de la calamité des personnes concernées. Aucune société sérieuse ne vous demandera des acomptes pour des prestations futures ou ne vous demandera de les payer en liquide sans aucune trace papier.