NewsChauffer mat 126 km/h zu Roudemer gepëtzt

Mat 126 km/h amplaz den erlaabte 50 Stonnekilometer war e Chauffer zu Roudemer de Méindeg de Muere gepëtzt ginn.

Leschten Update: 12.08.2019, 18:06:28

© Pixabay

De Méindeg de Mueren hat d'Police bei enger Verkéierskontroll zu Roudemer e Chauffer gepëtzt, deen nawell presséiert war. Hie war géint 9.00 Auer bannent dem Duerf mat enger Vitesse vun 126 Stonnekilometer geblëtzt ginn.

Dofir war de Führerschäin och direkt fort an e Pretekoll war d'Konsequenz.