NewsWWF: Ëmmer manner Déieren an de Bëscher

Et ginn ëmmer manner Déieren an de Bëscher, seet d'WWF. Betraff si virun allem Fräschen, Afen an Elefanten.

Leschten Update: 13.08.2019, 07:13:18

© Eldoradio

D’Zuel vun den Déieren déi a Bëscher liewen, ass weltwäit staark zeréckgaangen. Dat weist eng Etüd vun der Ëmwelt-Organisatioun WWF, déi d’Bestänn vun de Bëschdéieren zënter 1970 analyséiert. Deemno wier d’Zuel vun de Bëschdéieren zënterhier ëm méi wéi d’Halschent zeréckgaangen. Virun allem wier d’Zuel vun de Fräschen, Afen an Elefante méi kléng ginn. Als Haaptursaach gëtt d’Ofholze vun de Bëscher an d'Notze vun de Bëscher fir d’Landwirtschaft genannt. D'Organisatioun wäert hir Analyse am Laf vum Dag presentéieren.