
© Eldoradio
De leschte Freideg schonn hu Spezialunitéite vun der Police zu Zolwer ee Mann op oppener Strooss ausgebremst a festgeholl. Dat schreift d'"Lëtzebuerger Wort". Wéi et heescht, géif et sech beim Mann ëm ee ranghéije Member vun der kalabrescher Mafia handelen. Et géif ëm Kokainhandel, Geldwäsch an illegal Sportwetten am Groussraum Toronto goen. Den 30 Järege soll 2014 déi kalabresch Mafia Drangheta zu Siderno vu sengem Papp iwwerholl hunn. Hie soll eréischt viru kuerzem op Lëtzebuerg komm sinn.