NewsDayton-Täter hat wuel Hëllef vu Kolleg

Den Täter vun Dayton soll vun engem Kolleg gehollef krut hunn u Waffematerial ze kommen.

Leschten Update: 13.08.2019, 05:59:49

© SCOTT OLSON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

De presuméierten Täter vun Dayton hat wuel Ënnerstëtzung. Ronn eng Woch no der Dot mat 9 Doudeger, huet d’US-Police ee Frënd vum Täter festgeholl. Hien huet zouginn virun e puer Méint ënner anerem Munitioun an eng kugelsécher West fir de Verdächtege kaf ze hunn. Och soll hien dobäi gehollef hunn, d’Waffen zesummen-ze-bauen an dës eng Zäit laang doheem verstoppt hunn.