NewsSydney: Mann stécht op Fra an a verfollegt weider Passanten

E Mann huet matzen an der Stad vu Sydney mat engem Messer op eng Fra agestach. Duerno huet hie weider Passante verfollegt. Hie konnt festgeholl ginn.

Leschten Update: 13.08.2019, 08:57:45

© dpa AFP Archiv Hauke-Christian Dittrich

Zu Sydney huet e Mann op oppener Strooss mat engem Messer op eng Fra agestach, an huet dunn weider Passantë verfollegt.

Passante konnten de Mann iwwerwältegen a festhalen, bis d'Police op der Plaz war.

D’Affer wier de Moment an engem stabelen Zoustand.

Op der Tëlé konnt ee gesinn, wéi de Mann mat engem Messer op den Daach vun engem Auto gesprongen ass a „Gott ass grouss“ wéi och „Erschéiss mech“ geruff huet.