News3.402 Elektro-Autoen a Plug-in Hybriden aktuell zougelooss

Aktuell sinn iwwer 3.400 Elektro-Autoen (M1) a Plug-in Hybriden zu Lëtzebuerg zougelooss.

Leschten Update: 13.08.2019, 13:34:06

© EZEQUIEL BECERRA / AFP

Am Kader vun enger parlamentarescher Fro vum Marc Goergen vun der Piratepartei huet den Transportminister François Bausch Detailer iwwert de Verkaf vun Elektro-Autoe ginn.

2018 ware ronn 1,8 Prozent vun den nei ugemellten Autoen, Kategorie M1, entweder 100 Prozent Elektro-Autoen oder Plug-in Hybriden. Dëst Joer goufe vu Januar bis Enn Mee am Ganze 547 Elektro-Autoen an 237 Plug-in Hybriden nei ugemellt. Dat entsprécht engem Taux vu bal 3 Prozent bei den neien Umeldungen.

Enn Mee waren am Ganzen 3.402 Elektro-Autoen a Plug-in Hybriden zu Lëtzebuerg zougelooss.

Links