NewsRiedelen: weltwäit extrem Hausse vu gemellte Fäll

Der Weltgesondheetsorganisatioun no hu sech am éischten Hallefjoer 2019 weltwäit esou vill Persoune wéi zënter 10 Joer net méi mat de Riedelen infizéiert.

Leschten Update: 13.08.2019, 13:36:21

© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Tëscht Januar an Enn Juli 2019 gouf et weltwäit déi héchsten Zuel vu gemellte Fäll vu Riedelen am Verglach zu der nämmlechter Zäitperiod 2006.

Wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun en Dënschdeg matgedeelt huet, goufen Enn Juli an 182 Länner knapp 365.000 Fäll registréiert.

Wéi et heescht, wieren dat der méi wéi am ganze Joer 2018. Et géif awer just e Brochdeel vun allen Erkrankunge gemellt ginn, esou d'WHO weider.



Zu Lëtzebuerg goufe bis den 28. Mäerz 2019 12 Fäll confirméiert, esou de Gesondheetsminister Schneider an senger parlamentarescher Äntwert Enn Mäerz.