NewsSchwéiere Fall vun Déierequälerei zu Dummeldeng

Den Dënschdeg de Muere war eng doudeg Kaz zu Dummeldeng an enger Afaart fonnt ginn. D'Police geet vu schwéierer Déierequälerei aus.

Leschten Update: 13.08.2019, 15:48:17

© Eldoradio

Den Dënschdeg de Muere gouf an der Rue des Hauts-Fourneaux zu Dummeldeng an der Afaart vun engem Gebai eng kleng doudeg schwaarz-gro gefleckte Kaz fonnt. Wéi et vun der Police heescht géif een de Moment vun engem schwéiere Fall vun Déierequälerei ausgoen.

D'Police vum Lampertsbierg ass de Moment mat den Ermëttlunge befaasst.

All Hiweiser si fir d'Police ënnert dem Tel.: 
(+352) 244 48 1000.