NewsFacebook huet Sproochnoriichte matgelauschtert

Och Facebook-Mataarbechter hu Sproochnoriichte vun Notzer matgelauschtert an ofgetippt.

Leschten Update: 14.08.2019, 06:32:39

© pexels.com

Och Facebook huet seng Notzer ofgelauschtert. Dat huet d’US-Entreprise dem Finanzdéngscht „Bloomberg“ confirméiert. Facebook-Mataarbechter hunn ausgewielten Opnamen aus dem Messenger ofgelauschtert an ofgetippt. Et wieren Notzer betraff gewiescht, déi d’Transkriptiouns-Funktioun fir Sprooch-Ënnerhalungen ageschalt haten. D’Mataarbechter sollten deemno iwwerpréiwen, ob d’Software déi geschwate Sätz richteg verstanen huet. D'Oflauschtere wier mëttlerweil gestoppt ginn, esou heescht et.