NewsKreditkaart geklaut: Wie kennt dës Persoun?

An engem Akafszenter um Kierchbierg ass mat enger geklauter Kreditkaart Suen ugehuewe ginn. D'Police sicht mat Hëllef vun enger Foto no engem Mann.

Leschten Update: 14.08.2019, 11:57:58

© Police

D'Police huet en Zeienopruff lancéiert, nodeems eng Kreditkaart geklaut ginn ass. Wéi een op enger Foto gesäit, gëtt no engem Mann gesicht, deen d'Kaart geklaut an domat Suen an engem Akafszenter um Kierchbierg opgehuewen huet.

Wéini genee dat geschitt ass, huet d'Police net matgedeelt. Wien de Mann kennt an hëllefe kann, d'Identitéit vun dësem ze klären, soll sech bei der Police mellen.

D'Telefonsnummer hei ass den (+352) 244 40 4500.