NewsBauere maachen no Tornado Solidaritéitsopruff

Nom Tornado leschte Freide lancéieren d'Bauere vun der Gemeng Käerjeng e Solidaritéitsopruff. De 17. August gëtt eng grouss Botzaktioun organiséiert.

Leschten Update: 14.08.2019, 13:11:14

© Eldoradio

D'Bauere vu Käerjeng ruffen zu enger grousser Botzaktioun nom Tornado vu leschtem Freiden op. Wéi et an engem Communiqué e Mëttwoch heescht, maachen d'Bauere e Solidaritéitsopruff, fir Wisen a Felder ze botzen, déi duerch d'Schied verknascht gi sinn.

Am Moment kënne si hir Déieren net méi a Sécherheet op d'Felder schécken oder mat hire Maschinne schaffen, ouni datt dës futti ginn.

Fräiwëlleger sollen e Samschden de 17. August um 9 Auer bei de Käerjenger Treff kommen. Am Virfeld sollt ee sech per Mail op events@kaerjeng.lu oder während de Bürosstonne vun der Gemeng um 500 552 320 umellen.

LINK / Hei de kompletten Detail



Och d'Gemeng Diddeleng huet via Facebook dozou opgeruff, e Samschden d'Käerjenger Gemeng ënnerstëtzen ze goen an eng Hand mat unzepaken.