Nordkorea huet den Test vun neie Waffen offiziell confirméiert. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. Bei deenen 2 Rakéiten, déi e Freide lancéiert goufen, géing et sech deemno ëm ballistesch Kuerzstrecken-Rakéiten handelen. Den nordkoreanesche President Kim Jong Un wier perséinlech bei den Tester dobäi gewiescht. Den nordkoreanesch Autoritéiten no wier den Test eng Reaktioun op e gemeinsamt Militärmanöver vu Südkorea an den USA a sollt als Warnung u Südkorea geduecht sinn.