Bei engem Feier an engem Hotel an der ukrainescher Stad Odessa sinn 8 Mënsche gestuerwen an 10 goufen der blesséiert. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. D'Feier wier den Autoritéiten no kuerz no hallwer 2 e Samschden de Moien ausgebrach. Am Ganze ware 65 Pompjeeën am Asaz fir d'Feier nees ze läschen. Géingt hallwer 5 war de Brand geläscht.