NewsMassekläpperei an der Stad

Ronn 10 Persounen si mat Fäischt a Fläschen openee lassgaangen. 1 Persoun huet missten an d'Spidol bruecht ginn.

Leschten Update: 19.08.2019, 00:19:42

© Eldoradio

Géint 2h45 e Samschde fréi ass et an der Rue du Fort Neipperg an der Stad zu enger Massekläpperei komm. 10 Persoune sinn hei mat Fäischt a Fläschen aus Glas openee lassgaangen. Ee Mann gouf duerch eng Fläsch am Gesiicht blesséiert an huet missten an d'Spidol bruecht ginn. Ewéi d'Police op d'Plaz koum konnten d'Beamte just nach eng Persoun untreffen. Dës gouf fir eng Kontroll mat op de Policebüro geholl. Ewéi de Mann de Büro kuerz drop nees verloosse konnt, huet hien engem Polizist géint d'Schinnebee gerannt. Hie gouf protokolléiert.