A Frankräich gouf e Mëttwoch e Mann vun 20 Joer wéinst enger Serie vu Brandstëftunge festgeholl. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP. Hie kritt virgeworf am Zäitraum vu Mee bis August eng 12 Feieren an de Gemengen Toreilles a Sainte-Marie-la-Mer geluecht ze hunn. Beim Mann Doheem gouf ënnert anerem eng Spraydous mat Brandbeschleuneger fonnt. Hien huet zouginn um Leeë vun de Feiere bedeelegt gewiescht ze sinn. Beim leschte Feier waren 20 Hektar Bësch verbrannt.