
© PAU BARRENA / AFP
No iwwer 2 Wochen op Séi dierf d'Rettungsschëff "Open Arms" elo a Spuenien uleeën. Dat huet de spuenesche Ministerpresident Pedro Sánchez ugebueden, nodeems Italien um Samschde just déi mannerjäreg Flüchtlingen u Land gelooss huet.
Mat dëser Alternative wier d'Hëllefsequipe net averstanen, esou d'Spriecherin vun der Hëllefsorganisatioun Proactiva Open Arms. Weider heescht et, dass duerch d'Noutlag u Bord esou eng Aktioun net ëmsetzbar wier. D'Faart vu Lampedusa bis op Algercira géif 5 Deeg, an domat ze laang daueren. Vu Verzweiwlung si verschidde Flüchtlinge vu Bord gesprongen, fir zréck a Richtung Lampedusa ze schwammen.
D’Schëff hat jo op der italienescher Insel ugeluecht, fir déi mannerjäreg Persounen u Land ze loossen. Den Inneminister Matteo Salvini hat dëst autoriséiert, allerdéngs huet hien drop bestanen, datt déi 107 aner Flüchtlingen u Bord bleiwe missten.