News3 Blesséierter bei Kollisiounen op der A3 an der N11

Wéi de CGDIS e Samschdeg de Mëtteg mellt goufen 3 Persounen op eise Stroosse blesséiert. Dëst bei Kollisiounen op der A3 an op der N11.

Leschten Update: 17.08.2019, 17:07:41

© CGDIS

Wéi de CGDIS mellt koum et e Samschdeg de Mëtteg géint 15h30 zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen op der A3 a Richtung Stad. 2 Persoune goufe blesséiert. Op der N11 tëscht Jonglënster a Gonnereng sinn da géint 16h40 en Auto an eng Roulotte anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.