NewsOptakt vun der UNO-Aarteschutzkonferenz um Samschdeg

E Samschdeg huet d'UNO-Aarteschutzkonferenz zu Genf an der Schwäiz ugefaangen. Ënner anerem geet et ëm de Schutz vun den afrikaneschen Elefanten.

Leschten Update: 19.08.2019, 00:17:48

© Pixabay/pexels.com

Zu Genf an der Schwäiz huet e Samschdeg d’UNO-Aarteschutzkonferenz ugefaangen. Op der Dagesuerdnung stinn all menacéiert Déieren- a Planzenaarten, mee virun allem och de Schutz vun den afrikaneschen Elefanten an den Elfebeenhandel. D’Konferenz dauert bis den 28. August an 180 Länner si vertrueden.