NewsKommissiounschef Juncker huet Nout-OP gutt iwwerstanen

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat seng Vakanz ofgebrach, well hien zu Lëtzebuerg huet missten noutoperéiert ginn.

Leschten Update: 19.08.2019, 19:30:18

© NICOLAS MAETERLINCK / BELGA / AFP

Wéi d'EU-Kommissioun e Méindeg matgedeelt huet, ass d'Nout-OP vum Kommissiounschef Jean-Claude Juncker gutt verlaf. Bis op Weideres dierf hien awer net reesen, deemno wäert hien um G7-Sommet Enn der Woch zu Biarritz net kënnen dobäi sinn.

De Jean-Claude Juncker hat seng Vakanz an Éisträich ofgebrach fir zu Lëtzebuerg noutoperéiert ze ginn. Dat hat d'EU-Kommissioun e Samschdeg an engem Communiqué matgedeelt. Hie krut d'Galeblos erausgeholl, esou e Porte-Parole vun der Kommissioun weider.