News2 Doudeger bei Messerpickerei a Nordrhein-Westfalen

2 Persounen sinn bei enger Messerpickerei op der Gare zu Iserlohn a Nordrhein-Westfalen ëm d'Liewe komm. D'Police huet ee Verdächtegen festgeholl.

Leschten Update: 17.08.2019, 18:31:23

© Caroline Seidel / dpa / AFP

Zu Iserlohn an Nordrhein-Westfalen sinn e Samschdeg eng 32-järeg Fra an en 23-järege Mann bei enger Messerpickerei op enger Gare ëm d’Liewe komm. Wéi déi däitsch Police op Twitter matdeelt gouf een 43-järege Verdächtege festgeholl. Éischten Ermëttlungen no soll et sech ëm eng Bezéiungsdot handelen. Et géif keng Gefor fir d’Bevëlkerung bestoen, esou d’Police.