NewsThailand: Beléifte Séikou stierft wéinst Plastik am Bauch

E Samschdeg ass ee Séikou-Bëbee dee ganz beléift op de sozialen Netzwierker war, gestuerwen. Dëst duerch Plastiksstécker am Mo.

Leschten Update: 17.08.2019, 19:46:43

© SIRACHAI ARUNRUGSTICHAI / AFP

E Samschdeg ass ee Séikou-Bëbee un der thailännescher Küst gestuerwen. Eng Infektioun hat sech wéinst Plastiksstécker am Mo verschlëmmert. Mieresbiologen haten d’”Mariam” am Mee opgeholl a behandelt. Déi kleng Séikou war ganz beléift op de sozialen Netzwierker. D’Déierendoktesch, déi sech ëm d’Mariam gekëmmert huet, huet d'Leit op Facebook dozou opgeruff méi fir den Ëmweltschutz ze maachen.