News3 Blesséierter bei Accidenter an der Ëmgéigend vu Miedernach

Wéi de CGDIS mellt koum et e Samschdeg den Owend zu 2 Accidenter an der Ëmgéigend vu Miedernach. 3 Persoune goufe blesséiert.

Leschten Update: 18.08.2019, 09:21:03

© Eldo

Géint 19h15 koum et um CR358 tëscht Miedernach an Iermsdref zu engem Accident mat engem Auto. Eng Persoun gouf blesséiert. Dräi Stonne méi spéit krute sech géint 22h30 zu Miedernach an der Dikrecherstrooss 2 Autoen ze paken. An deem Fall goufen 2 Persoune verwonnt.

E Sonndeg am fréie Moie kuerz no 04h00 koum et op der A13 a Richtung Schengen zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Ob Leit blesséiert goufen ass onkloer.