News8.000 Persoune wéinst Bëschbrand op Gran Canaria evakuéiert

Op der beléifter Vakanzeninsel Gran Canaria ass op en Neits e Bëschbrand ausgebrach. Bis ewell goufen 8.000 Mënschen evakuéiert.

Leschten Update: 19.08.2019, 19:28:56

© DESIREE MARTIN / AFP

De Bëschbrand op Gran Canaria breet sech weider aus. Méi wéi 8.000 Mënschen hu mëttlerweil hir Haiser misste verloossen. Den Autoritéiten no si ronn 3.400 Hektar Land am Zentrum vun der spuenescher Insel zerstéiert ginn. Hëtzt, geréng Loftfiichtegkeet a staarke Wand erschwéieren d'Läschaarbechten zousätzlech.

An Tëschenzäit sinn 1.000 Pompjeeë mat Läschfligeren an Helikopteren am Asaz. D'Ursaach fir d'Bränn ass net gewosst. Spekuléiert gëtt iwwer Brandstëftung, Beweiser dofir ginn et awer net.

Leschten Dënschdeg hat et eréischt an engem Bësch an der selwechter Regioun gebrannt, mee d’Feier gouf ënner Kontroll bruecht.