
© Eldo
E Sonndeg hunn eng 100 britesch Deputéiert de Premierminister Boris Johnson an engem Bréif opgefuerdert, d’Parlament direkt aus der Summerpaus zeréckzeruffen. D’Land wier nämlech kuerz virun enger Wirtschaftskris, well en haarde Brexit ëmmer méi wahrscheinlech gëtt, erklären d'Deputéiert.
Dat britescht Parlament soll eigentlech eréischt den 3. September no der Summerpaus erëm zesummekommen. Am September ass dann nees eng Paus wéinst den traditionelle Joresparteideeg. Am Bréif gëtt awer verlaangt, datt bis den EU-Austrëtt den 31. Oktober sämtlech Sëtzungspausen annuléiert solle ginn. Et wier nämlech méi wichteg, déi Zäit ze notzen, fir de Brexit virzebereeden.