Et soll weltwäit dat éischt Monument sinn, dat engem Gletscher gedenkt, dee wéinst dem Klimawandel verschwonnen ass. E Sonndeg gouf an Island eng Plack virgestallt, déi un den Okjökull-Gletscher erënnere soll. Dëst ass an engems eng Geleeënheet fir d’Wëssenschaftler d’Leit ze warnen, datt 400 aner Gletscher op der sub-arktescher Insel riskéieren ze verschwannen. Déi islännesch Premierministesch an den Ëmweltminister hunn un der Zeremonie deelgeholl. De Gletscher Okjökull gëtt zënter 2014 net méi als Gletscher ugesinn.