NewsStaark Alkoholiséierte Chauffer fält wéinst Fuerstil op
Wéi d’Police e Sonndeg matdeelt, krut am fréie Moien en Automobilist säi Permis ewechgeholl, well hie staark alkoholiséiert zu Beetebuerg ënnerwee war.
E Sonndeg géint 02h40 ass e Chauffer zu Beetebuerg an der Munnereferstrooss der Police wéinst sengem Fuerstil opgefall. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt dëse staark alkoholiséiert war an net méi an der Lag, mam Auto ze fueren. Hien huet säi Führerschäin op der Plaz missten ofginn a gouf vun de Polizisten heemgefouert.