NewsRumänien: Patient bréngt 4 Leit a psychiatrescher Klinik ëm

Wéi et vu rumänesche Medien heescht si 4 Persounen an enger psychiatrescher Klinik a Rumänien ëm d’Liewe komm.

Leschten Update: 18.08.2019, 16:07:37

© Erkan Utu / pexels.com

4 Persoune sinn an der Nuecht op e Sonndeg an enger psychiatrescher Klinik am Nordoste vu Bukarest a Rumänien gestuerwen nodeems e Patient si ugegraff huet. Zousätzlech goufen 9 Persoune blesséiert. Den 38-järegen Täter, deen op fräiwëlleger Basis internéiert gouf, huet probéiert ze flüchten, mee hie gouf vun engem Polizist festgeholl. D’Affer hate schwéier mental Problemer a konnte sech deemno net wiere wéi si vum Täter attackéiert goufen. Se goufen ënner anerem um Kapp blesséiert. Der Directrice vun der Klinik no, hätt dës Attack mol keng Minutt gedauert. Et hätt een net kënne virausgesinn, datt den Täter esou handele géif.