NewsMat Bam a Mauer kollidéiert: 3 Accidenter um Sonndeg

Wéi den 112 matdeelt, sinn zu Schraasseg, Lenzweiler an Nidderkäerjeng Accidenter mat Autoe geschitt.

Leschten Update: 18.08.2019, 19:20:10

© CGDIS

Géint 13h30 war zu Schraasseg een Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt, d'Stater Ambulanz an d'Police waren op der Plaz.


Zu Lenzweiler ware géint 15h20 zwee Autoe matenee kollidéiert. 1 Persoun gouf hei blesséiert, d'Ambulanz an d'Police vun Ëlwen waren am Déngscht.


Um 16h00 ass zu Nidderkäerjeng een Auto an eng Mauer gerannt, eng Persoun ass hei blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Déifferdeng an d'Police.