News2 Persounen aus Lëtzebuerg bei Accident a Frankräich ëmkomm

Bei Loir-et-Cher (F) ass e Sonndeg eng Koppel bei engem uergen Accident ëm d'Liewe komm. Fra a Mann solle franséische Medien no aus Lëtzebuerg kommen.

Leschten Update: 19.08.2019, 00:13:45

© PATRICK HERTZOG / AFP

Op der A10 am Departement Loir-et-Cher a Frankräich koum et e Sonnden de Moien zu engem déidlechen Accident. 2 Gefierer waren aneneegerannt, woubäi eent vun engem drëtten Auto matgerappt gouf. An dësem souz d'Koppel aus Lëtzebuerg.

D'Koppel, e Mann vu 34 an eng Fra vun 32 Joer mat portugiseschen Originnen, huet d'Ongléck net iwwerlieft. Hire Puppelche vu 15 Méint, deen de Moment vum Accident och am Gefier war, huet ouni Blessuren iwwerlieft.

Donieft goufen zwee weider Gefierer an d'Accident verwéckelt. Béid Autoe kruten net méi mat Zäit gebremst. Béid Persoune koume mat uerge Blessuren an d'Spidol.