NewsKoppel fält wärend Geschlechtsverkéier vu Balcon

Ee britesche Mann vun 30 Joer läit op der Intensivstatioun, nodeems hie vum Balcon vu senger Vakanzewunneng a Südfrankräich gefall ass.

Leschten Update: 18.08.2019, 20:43:46

© Pexel.com / Dom J

E briteschen Tourist gouf an der Géigend vu Cannes a Frankräich uerg blesséiert. Hien a seng Partnerin haten um Balcon vun hirer Vakanzewunneng Geschlechtsverkéier, béid sinn doropshi vum éischte Stack gefall.

Den 30-järege Mann schwieft a Liewensgefor, d'Fra gouf liicht blesséiert.

Den Ament gëtt nach ënnersicht, ob Drogen oder Alkohol am Spill waren, Friemawierkung gëtt allerdéngs ausgeschloss.