NewsPetitioun fuerdert 20 Cent Pfand op Zigaretten

E Groussdeel vun den Zigarettestëmp lant nach ëmmer um Buedem an duerno an der Natur. Ma eng Petitioun fuerdert elo e Pfandsystem fir dat ze änneren.

Leschten Update: 19.08.2019, 09:00:24

© Eldo

An enger Petitioun, déi de Moment op der Plattform change.org leeft, fuerdert de Petitionnaire aus Berlin e Pfand op Zigaretten, dat net nëmme fir Däitschland mä europawäit.

Esou solle Fëmmerten e Pfand vun 20 Cent pro Zigarett bezuelen. Dës Zomm solle si dann zeréck kréie, wann se d'Stëmp an engem Täschenäschebecher zeréckbréngen.

Zil vun dësem Pfand ass et, dass am beschte Fall keng Stëmp méi an der Ëmwelt respektiv um Buedem landen.

Links