De Stade Emile Mayrisch zu Esch ass vum 26. August bis den 23. September wéinst Aarbechten net accessibel. Wéi d’Escher Gemeng matdeelt, gëtt d’Haapt-Tribüne sanéiert. Wärend den Aarbechten ass de ganze Stadion fir de Public gespaart, also och d’Lafpist an di sanitär Installatiounen. An enger 2. Phase gëtt d’Tribüne komplett renovéiert. Des Phase vu 6 Méint huet keng Repercussiounen op de Public.