Fouer 2019Highlights: Maskottche Lämmy op der Plaz

Op wat kann ee sech bei der 679. Editioun besonnesch freeën? D’Highlights vun der Fouer 2019 sinn e Méindeg presentéiert ginn.

Leschten Update: 20.08.2019, 07:48:01

© eldo

Déi Responsabel hunn e Méindeg alles ronderëm déi 679. Editioun vun der Fouer presentéiert. Ee groussen Highlight ass d’Alpina Bahn, déi soss um Oktoberfest stoung an elo fir eng éischte Kéier de Wee op de Glacis fënnt. Wéi de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt betount huet, gouf et awer keng Zousécherung, datt d’Achterbunn och nächst Joer nees op der Fouer ze fanne wäert sinn.

DOC / Hei de Pressedossier mat allen Informatiounen

Donieft goufen am Virfeld nach 5 aner nei Attraktiounen annoncéiert, ma och Spiller, déi scho méi laang net méi op der Fouer waren, sinn dëst Joer nees dobäi. Hei gouf de Shakers oder de Rotor genannt. Am Ganze sinn eng 800 Demande fir eng Plaz op der Fouer erakomm, 231 Geschäfter (Attraktiounen, Restauranten a soss Stänn) sinn 2019 present. Déi meeschte Forainen si Lëtzebuerger, donieft ass dëst Joer fir eng éischte Kéier ee Forain aus Australien mat dobäi.

PDF / Wou steet dëst Joer wat?

Nei ass dëst Joer, datt d’Fouer samschdes scho vun 12 Auer a bis 2 Auer ophuet, sonndes da vun 12 bis 1 Auer (d'Attraktiounen all Dag vun 11 Auer un). Déi offiziell Ouverture ass freides den 23. August um 17 Auer. Weider gëtt et op keng Fouer-App méi, hei soll een op den Internetsite vun der Stad zeréckgräifen. De CGDIS an d’Police mam bekannte Fouer-Kommissariat si fir d’Sécherheet vum Public op der Plaz. D'Beamte ginn dëst Joer duerch extern Sécherheetsfirmaen ënnerstëtzt. An deem Kader si weider Kameraen installéiert ginn, déi och fir strofrechtlech Zwecker benotzt kënne ginn.



Wéi all Joer soll de Public op den ëffentlechen Transport oder op d'P&Ren zeréckgräifen. Ënnert der Woch ginn d'Buslinnen zemools owes wéi och d'Frequenz vum Tram renforcéiert. An de Quartiere Lampertsbierg, Rollengergronn a Pafendall bleiwen d'Parkplaze laanscht d'Stroosse bis an d'Nuecht era payant, dat och fir den Awunner selwer Parkméiglechkeeten ze loossen an datt dës hir Rou wärend der Fouer hunn.

PDF / Wou muss ee wéi laang ageheien?

Wéi de President vun der Federatioun vun de Foraine Charles Hary matgedeelt huet, ass dat offiziellt Maskottche vun der Fouer dëst Joer um Glacis ënnerwee. De Lämmy wäert Lotterieslouse verdeelen, dës ginn den 9. September op der Plaz gezunn. Wéi et vun de Responsabele geheescht huet, kënnen dës just den 9. September ageheit ginn. Esou wëll ee sécherstellen, datt potentiell Gewënner dee Moment och op der Fouer sinn. Donieft wäerten op der Plaz Petzie verkaaft ginn, den Erléis gëtt un d'Tornado-Affer gespent.

Weider Infos fannt der hei.

© eldo
Links