NewsGrouss Kontroll vun de Pabeieren zu Dikrech

D'lescht Woch huet d'Police vun Dikrech a vun Ettelbréck zesumme mat der Douane an der Route d'Ettelbruck zu Dikrech eng grouss Kontroll duerchgeféiert.

Leschten Update: 19.08.2019, 19:30:39

© Police

Wéi d’Police dëse Méindeg matdeelt, hunn d‘Beamten d’lescht Woch zesumme mat der Douane an der route d‘Ettelbruck zu Dikrech d‘Pabeiere kontrolléiert. 3 Chauffeure goufe protokolléiert, well hir Steiervignette ofgelaf war, bei 3 weidere Gefierer war di technesch Kontroll ofgelaf, ee Chauffeur hat keng Pabeieren dobäi, an bei enger Persoun war de Führerschäin ofgelaf. Eng weider Persoun gouf protokolléiert, well si trotz Fuerverbuet an ënner Alkoholafloss ouni Versécherung ënnerwee war. Ee weidere Chauffeur war trotz Fuerverbuet an ofgelafene Pabeieren ënnerwee.

© Police