NewsOptakt vun der Videospill-Foire "Gamescom" zu Köln

Bis nach de Samschdeg leeft déi 11. Editioun vun der Computer- a Videospill-Foire Gamescom. Vill Highlights si bis ewell net bekannt.

Leschten Update: 20.08.2019, 19:41:30

© PATRIK STOLLARZ / AFP

Den Dënschdeg geet offiziell déi 11. Editioun vun der Computer- a Videospill-Foire Gamescom zu Köln fir d'Visiteure lass. Vun de Mëttwoch un ass se dann och fir privat Visiteuren op a se dauert nach bis de Samschdeg.

Dem Organisateur no ass et déi gréisste Foire fir Computer- a Videospiller weltwäit. All Joer zitt se honnertdausende Gamer un an dëst Joer ginn sech eng 1'150 Aussteller aus iwwer 50 verschiddene Länner erwaart.

Mat der „Gamescom Opening Night“ war fir eng éischte Kéier schonn um Méindeg den Owend d'Foire lass gaangen. Vill ass iwwerdeems nach net iwwer eventuell Highlights am Virfeld geschwat ginn. Ee grousst Thema dierft awer wuel den "Cloudgaming" sinn. Op politeschem Plang wäert et och ëm déi finanziell Fërderung vun der Videospill-Industrie goen.

Links