Fotomontage op Twitter"Ech versprieche Grönland dat do net unzedoen!"

Mat enger Fotomontage huet den US-President Donald Trump d'Iddi vun engem Kaf vun der arktescher Insel Grönland op eng skurril Aart a Weis weidergefouert.

Leschten Update: 20.08.2019, 19:41:37

© Screenshot Donald J. Trump / Twitter

Op der Foto, déi hien de Méindeg den Owend Lokalzäit op Twitter gepost huet, ass den Tuerm vum Trump International Hotel zu Las Vegas ze gesinn, deen an eng Foto vun engem klenge Küstenduerf op der Insel Grönland montéiert ginn ass. Iwwer d'Foto huet de President geschriwwen: "Ech verspriechen dat Grönland net unzedoen!"





En Dag virdrun hat de President jo gesot, dass de Kaf vun der autonomer Insel, déi zu Dänemark gehéiert fir d'USA duerchaus strategesch sënnvoll wier. Et misst een awer fir d'éischt kucken, ob et iwwerhaapt en Interessi géif ginn se ze verkafen. Grönland an Dänemark haten dëst awer direkt refuséiert.