NewsDe Chômage geet bannent engem Joer an d'Luucht

De Chômage geet zu Lëtzebuerg bannent engem Joer an d’Luucht. Dat geet aus den neien Zuele vum Statec ervir.

Leschten Update: 20.08.2019, 12:56:28

© eldo archiv

15.668 Leit waren am Juli op der Sich no enger Aarbecht. Op ee Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 406 Persounen, respektiv eng Hausse vun 2,7%.

Wéi de Statec matdeelt, läit de Chômagetaux de Moment bei 5,5%. Parallel dozou huet d’Patronat am Juli 3.914 fräi Plazen bei der Adem deklaréiert, ee Plus vun 8,4% par Rapport zu Juli 2018.