NewsFräizäitpark stoppt Hakekräiz-​​Karussell no Kritik

Den Tatzmania-Park an Däitschland steet wéinst enger Attraktioun an der Kritik. D'Karussell gouf elo gestoppt.

Leschten Update: 20.08.2019, 13:02:34

© YouTube Screenshot

Den Tatzmania-Fräizäitpark zu Löffingen an Däitschland steet wéinst enger Attraktioun de Moment international an der Kritik. D’Attraktioun "Eagle Fly" gesäit nämlech aus wéi Hakekräizer, déi sech dréinen. Videoe vum Karussell zirkuléieren de Moment an de sozialen Netzwierker.

Wéi dee Responsabele vum Fräizäitpark sot, wier dat him net opgefall.

D'Karussell gouf elo gestoppt a gëtt ëmgebaut.