NewsAm Stater Park gouf e jonke Mann iwwerfall

Am Stater Park gouf e jonke Mann um Méindeg Owend geschloen. Hien krut och een Deel vu senge Wäertsaache geklaut.

Leschten Update: 20.08.2019, 19:40:09

© Eldoradio

Am Stater Park gouf tëscht 16h00 a 16h45 e Méindeg ee jonke Mann iwwerfall. Ufanks war vun engem Täter riets. Wéi d'Police elo matgedeelt huet, ass am Laf vun der Enquête bekannt ginn, datt d'Affer vun 3 männlechen Täter ugegraff ginn ass. Donieft waren och e weidere jonke Mann an eng jonk Fra dobäi, ouni d'Affer awer ze attackéieren.

D'Police huet Beschreiwunge vun den 3 Täter eraus ginn. All Indice ass fir den 113.

Täter 1:
  • nordafrikanesch Originnen,
  • 1,70 Meter grouss,
  • hat e wäissen T-Shirt an en hellbloe Gilet un.

Täter 2:
  • afrikanesch Originnen,
  • 1,90 Meter grouss,
  • kuerz schwaarz Hoer,
  • hat en hellbloen Trikot vum Fussballclub Manchester City mat der Schrëft "Sterling" um Réck an eng donkelblo Joggingsbox mat enger oranger Sträif op der Säit un.

Täter 3:
  • afrikanesch Originnen,
  • kuerz däischter Dreadlocks,
  • ganz däischter ugedoen.