NewsAutomobilistin ass no Iwwerhuelmanöver accidentéiert

Tëscht Chrëschtnech an Konsdref ass eng Automobilistin no engem Iwwerhuelmanöver accidentéiert. Den Alkohol- an Drogentest war positiv.

Leschten Update: 20.08.2019, 12:46:00

© eldo

Tëscht Chrëschtnech an Konsdref ass eng Automobilistin um Méindeg Owend no engem Iwwerhuelmanöver accidentéiert. Nodeems si een anert Gefier iwwerholl hat, hat d’Fra d’Kontroll iwwer hiert Gefier verluer. Si ass an e Gruef geroden, an e Bam gerannt a koum an enger Baach un d’Halen.

D’Fra gouf just liicht blesséiert. Um Auto ass awer Totalschued entstanen. Den Alkohol- an Drogentest war positiv. De Permis gouf agezunn.