NewsAir France-Maschinn mécht Noutlandung um Findel

E Fliger vun Air France huet en Dënschdeg um Findel missten noutlanden. Kengem ass eppes geschitt.

Leschten Update: 20.08.2019, 19:39:02

© Eldoradio Archiv

Wéi déi franséisch Fluchgesellschaft Air France via Twitter confirméiert huet, huet hire Vol vu Moskau a Richtung Paräis um Findel zu Lëtzebuerg en Dënschdeg am spéide Moie missten noutlanden.

Wéi et heescht, gouf en "generellen Alarm" ausgeléist an et huet een decidéiert, preventiv um Fluchhafen zu Lëtzebuerg ze landen.

Op Twitter steet weider, datt d'Maschinn ouni Problemer gelant ass an de Fliger kontrolléiert gëtt.