NewsAn Italien muss eng nei Regierung forméiert ginn

Déi éischte reng populistesch Regierung vun Europa ass zanter den Dënschdeg Geschicht. Elo muss eng nei Regierung forméiert ginn.

21.08.2019, 06:31:42

© Tiziana FABI / AFP

Den Dënschdeg am Nomëtteg hat den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte jo säi Récktrëtt virum Senat zu Roum annoncéiert, dësen huet hien du gëscht den Owend offiziell beim Staatschef Sergio Mattarella agereecht.

Wéi de Ministerpresident sot, géif déi aktuell Kris d'Aarbecht vun der Regierung a Gefor bréngen.

Am Ufank vu senger Ried hat hie schwéier Virwërf géint den Inneminister Salvini gemaach. Hien huet dësen irresponsabel genannt an datt hie just u seng eegen Interesse géif denken. De Salvini hat lescht Woch de Récktrëtt vum Conte an Neiwale gefuerdert.

Domat ass déi éischte reng populistesch Regierung vun Europa Geschicht. Fir de Mëttwoch sinn dann éischte Gespréicher iwwer d'Formatioun vun enger neier Regierung ugesat. De Staatschef huet de Conte awer gefrot, fir d'Regierungsgeschäfter virleefeg weiderzeféieren.