NewsSexuell Orientéierung gëtt an eenzele Fäll festgehalen

A ganz spezifesche Fäll gëtt zu Lëtzebuerg déi sexuell Orientéierung festgehalen. Dat de Ministeren no awer nëmme wann et wierklech relevant ass.

Leschten Update: 21.08.2019, 08:43:12

© Pixabay

An eenzele Fäll ginn effektiv zu Lëtzebuerg Donnéeë gespäichert, wat déi sexuell Orientéierung vu Persounen ugeet. Dat äntweren déi responsabel Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen.

Dëst géif am Fall geschéien an deem dës Informatioune relevant sinn, fir d'Missiounen, déi vum Gesetz virgesi sinn, ze erfëllen. Als Beispill nennen d'Ministeren hei d'Asylprozedur, bei där eng Persoun kann uginn, dass si wéinst hirer sexueller Orientatioun an hirem Ursprongsland verfollegt ginn ass.

Dës Donnéeë géifen am OLAI am Dossier social vun de betraffene Persounen opgeholl ginn. Se wieren dee Moment och nëmme fir d'Assitants sociaux, déi sech ëm déi respektiv Persoune këmmeren, zougänglech.

Links