NewsKonsumenteschutz warnt virun Ofschafung vu Boergeld

Wéi de Konsumenteschutz schreift,géing d'Ofschafung vum Boergeld géint d'Perséinlechkeetsrechter verstoussen.

Leschten Update: 21.08.2019, 12:41:27

© eldo

De Konsumenteschutz ULC schwätzt sech an engem Communiqué géint d’Ofschafung vum Boergeld aus. D’ULC stellt fest, dass et schonn an enger Rei vun EU-Memberstaaten eng iewescht Limitt fir Boergeld-Geschäfter gëtt. Des Grenzen wieren ageféiert ginn, fir d‘Geldwäsch ze verhënneren. De Moment géif et awer keng Informatioun, wéi effektive d’Boergeld-Grenz bei der Bekämpfung vu Blanchiment tatsächlech ass.

Et kéint och net sinn, dass d’Bierger all Kéiers Spueren hannerloossen, wa si akafe ginn.

Communiqué ULC