NewsEuropa-Park: Kette bei enger Achterbunn gerass

Schock am Europa-Park Rust: Wärend der Achterbunnfaahrt ass op eemol d'Kette futti gefuer.

Leschten Update: 21.08.2019, 14:40:06

© eldo archiv

Nach mol mam Schock dovu komm sinn d’Passagéier am Europa-Park Rust. Bei der Achterbunn Wodan-Timburcoaster ass um Dënschdeg Nomëtteg eng Kette gerass. Di hëlzen Achterbunn huet missen evakuéiert ginn.

Di 24 Passagéier konnten aus dem Zuch eraus klammen, well si net wäit vum Buedem ewech waren. Blesséiert gouf keen. D’Achterbunn gouf nees an d’Rei gesat.

© eldo archiv