NewsLëtzebuerg ass Nummer 1 am online buchen

D'Halschent vun allen Internetuser an der EU hunn uginn, een Hotel oder eng Rees iwwert den Internet gebucht ze hunn.

Leschten Update: 21.08.2019, 12:37:08

© eurostat

Wéi Eurostat matdeelt, buchen d’Halschent vun allen Internetuser an der EU hir Vakanz online. D’Mënschen hei zu Lëtzebuerg ware dobäi am Joer 2017 mat 73% di fläissegst Online-Bucher, virun Finnland an Däitschland mat 65 respektiv 64%.

Am mannste online gebucht goufen d’Vakanzen a Bulgarien an a Kroatien.

An der ganzer EU waren d’Onlinebuchungen bei de Bierger tëscht 25 an 34 am beléiftsten.