NewsBränn a Brasilien: #PrayforAmazonia geet viral

De brasilianeschen Amazonas steet a Flamen. Et sinn déi schlëmmste Bëschbränn zanter Joren.

Leschten Update: 21.08.2019, 17:37:03

© Michael Dantas / AFP

Brasilien ass de Moment mat de schlëmmste Bëschbränn zanter Jore geplot. Wéi de brasilianeschen "National Institute for Space Research" mellt, goufen dëst Joer méi wéi 72.000 Bränn am Amazonasgebitt registréiert. Dat ass e Plus vun 83% géintiwwer dem Joer virdrun.

Grouss Deeler vu Brasilien sinn an décken Damp verpak. D’Repercussiounen vum Feier sinn esouguer zu São Paolo ze spieren- d’Stad läit méi wéi 2.000 km vun de Bëschbränn ewech.








Och Deeler vum Amazonas a Bolivien a Paraguay si vun de Bränn betraff. An de soziale Medien probéieren User ënnert dem Hashtag #prayforamazonia Opmierksamkeet fir d'Rettung vum Amazonas ze kréien.








Ëmweltschützer kritiséieren, dass d’Bränn mam neie President Jair Bolsonaro staark zougeholl hätten. De Bolsonaro hat jo ugekënnegt, e géing d’Amazonasregioun méi staark fir d’Landwirtschaft an de Biergbau notzen.